
Jessie LANG (JL) : Hu schonn mat 15-16 Joer gäre Fotoe gemaach. Virun Allem Landschaften a Planzen. Sinn do an de Lycée Aline Mayrisch an der Stad gaangen, E-Sektioun mat der Optioun - Fotografie.
JL : Ech hunn éischt Coure besicht, ënner anerem bei där. An do e Stage gemaach beim Carmen (photoCreative.lu). Hunn dann zu Köln op der Fotoakademie zwee an en halleft Joer Fotografie studéiert. Dat war direkt eng grouss fotografesch Entwécklung a Verännerung, vill
verschidden Projeten an ënnerschiddlechen Beräicher, wéi z.B. illustrativ Aarbechten als Schwéierpunkt entwéckelen, Werbung, Produktfotografie, Architektur, Schaffen an editéieren mat Photoshop vir méi Méiglechkeeten ze hunn a meng Kreativitéit ze entwéckelen.
Mat dem Ofschloss als Diplomfotograaf.
JL : Éischt Opträg ze kréien an hoffentlech zukünfteg nach méi vir meng Passioun zu mengem Beruff maachen ze kennen, Wonsch vun der Fotografie liewen ze kennen.
JL : Architektur-Fotografie, Dronen-Fotografie, Produkt a Werbung + kënschtleresch Ausstellungen an Art-Prints, eventuell Photoshop-Nohellefstonnen ginn.
JL : Zimmlech grafesch opgebaut, oft kënschtleresch an inzenéiert, illustrativ, vill Bildmanipulatioun, faarweg, speziell, awer och clean an
professionell.
JL : Jo, mäi Site fir e puer vu mengen Aarbechten ze weisen: www.jessielang.com